Regierung Prüm
Ausgesinn
D'Regierung Prüm koum zu Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1925 an hir Funktioun. Si war aus de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 ervirgaangen an huet sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt. Si ass de 16. Juli 1926 zeréckgetrueden, wéi Liberal a Sozialisten sech iwwer e Gesetzprojet iwwer Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.
Wéi se zesummegesat war
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Prüm (Onofhängeg Nationalpartei): Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen, den Interieur an d'Landwirtschaft
- Norbert Dumont: Generaldirekter fir Justiz, Bauten, Handel an Industrie
- Othon Decker (Onofhängeg Lénkspartei): Generaldirekter fir Sozialversécherung an Aarbecht
- Étienne Schmit: Generaldirekter fir Finanzen a Bildung
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)